Promotioun vun de Rechter vum Kand

D’Kannerrechtskonventioun ass de Pilier vun der internationaler Kollaboratioun ginn, fir de Schutz vum Kand ze promovéieren a säi Wuelbefannen ze sécheren. De Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend koordinéiert, iwwer säi Service fir d’Rechter vum Kand, d’Ëmsetze vun der internationaler Kannerrechtskonventioun tëschent deene verschiddene Ministèren, Institutiounen an Ariichtungen, déi fir d’Rechter vum Kand zoustänneg sinn.

De Service des droits de l'enfant (Service fir d’Rechter vum Kand) hëlt och un den interministerielle Récksproochen deel, an un den Aarbechte vun den internationalen Ariichtungen, déi de Suivi vun den internationale Konventiounen, déi vu Lëtzebuerg an der Matière vun de Rechter vum Kand ratifizéiert gi sinn, assuréieren a wou déi gutt Praktiken, déi um nationalen Niveau kënnen transposéiert ginn, ausgestosch ginn.

A Partnerschaft mat privaten Ariichtungen schafft e Guiden, Referenzdokumenter, Aktiounen a Sensibiliséierungscampagnen aus.

Seng Aktioun berout op de véier fundamentale Prinzippie vun der Kannerrechtskonventioun:

 

Hei liest Dir weider Informatiounen:

Aktualiséiert